Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














Wat ass TL?






Wëllkomm bäi Team Lëtzebuerg!!!

Et freet eis, dass du de Wee bis heihinner op dëse Site fonnt hues, deen et schonns zënter 2007 gëtt!

Dëse Site representéiert eng reng Nintendo Gaming Community aus Lëtzebuerg. Team Lëtzebuerg ass weder eng Entreprise, nach eng Asbl. Mir deelen eisen Hobby, eis Passioun: Nintendo Spillen!

D´Idee vun TL war et ëmmer nees fir ze probéiere Lëtzebuerger zesummen online ze kréien, déi gären Nintendo Games spillen an dëst och gären am Online Modus maachen. Mir deelen eis Kandheets-Traumae vun Nintendo Spiller an hëllefen eis Géigesäiteg an de Spiller wann mer no Hëllef sichen. Et ass seelen, dass bei Team Lëtzebuerg ee keng Äntwert ob Nintendo-Spiller Froen huet.

Ugefaangen huet dat ganzt mam Nintendo DS a Mario Kart DS, wou mir vun 2007 bis 2008 eis éischt kleng Matcher organiséiert hunn.

Vun 2008 bis 2014 hate mir mat de Spiller Mario Kart Wii, Super Smash Bros. Brawl, Mario Strickers Charged Football erlieft. Op der Wii U konnte mer och duerch Spiller wéi Splatoon, Mario Kart 8, Super Smash Bros och flott Momenter mateneen deelen. Um Nintendo 3DS hu mir och mat Spiller wei Mario Kart 7 an Animal Crossing New Leaf vill flott Momenter gedeelt.

Laang hu mer och missen eis gedëllegen op een Nofollger vun der Wii U: 2017 koum Nintendo Switch endlech eraus! Mat Spiller wéi Splatoon 2, Pokémon Schwäert a Schëld, Mario Kart 8 Deluxe, Super Smash Bros Ultimate. Aktuell ass mam Spill Animal Crossing New Horizons.

Insgesamt hu mir iwwert 2000 Matcher géint international Equippe gespillt, déi der iwwregens all hei nach emol kucke kennt. Wann dir international no Lëtzebuerg a Mario Kart frot, da schécken se Iech direkt bei eis! Mir fueren am Online-Modus mam Team-Tag "TL" a sinn esou méi wéi bekannt.

Team Lëtzebuerg ass vläicht net di eenzeg Gaming Community hei am Land, mee mir sinn awer denken ech eng vun den eelsten, di et gëtt. Wat eis ausmëscht ass also eng Kontinuitéit an Events di mer organiséieren, sief et national, wéi international. Eng Kontinuitéit, di et leider soss an der lëtzebuergescher Gaming Community leider net esou vill gëtt.

Grad esou bidde mir de Leit op eisem Discord Server Méiglechkeet vir mateneen ze spillen. An dëser Community sinn iwwert all déi Jore gutt Frëndschaften entstanen déi Passioun vun Nintendo deelen. Och wann di eng oder aner Frëndschaft duerch Mario Kart zerstéiert gouf, meeschtens hunn Leit sech bei TL awer iergendwann s ëmmer zesummen nees fonnt a spillen hier Nintendo Spiller virun.

Jorelaang hu mir och Offline-Events hei am Land organiséiert. Rezent kenne mir als Beispill gi Luxembourg Gaming Xperience 2019, wou mir vir 3 Turnéier mat responsabel waren: Mario Kart 8 Deluxe, Splatoon 2 a Rocket League. Zenter 2008 hu mir och aktiv eis berüchtegt TL Trëffs organiséiert. Jorelaang ware mir och ee mol de Mount um GamingCafé zu Koplescht responsabel dofir, vir Nintendo Events ze organiséiere vun Nintendo Retro Games bis rezent Release-Turnéieren an dat iwwert quasi 6 Joer bis 2017 och do. Leider sinn no eisem Départ och do Nintendo-Events bis op Smash Ultimate verschwonnen. Och an Zukunft wäerte mir ëmmer vir Offline Nintendo Events bereet sinn a mer sinn och oppen, vir Kollaboratiounen.

Dir sidd dorunner intresséiert bäi eis ze gamen? Joint eisem Discord-Server, followed eisem Youtube souwéi Facebook-Account a bäi weidere Froe kennt dir Iech och bei eis mellen!

Merci fiert Liesen an ech hoffen iech als neien User kennen an eiser Community kennen ze begréissen!

Have Fun beim Gamen. An vergiesst net: Life is a game, kid! It all depends on how you play!

~Ben, responsabel a Matgrënner vun Team Lëtzebuerg



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de