Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














TL Member: Tämon




-Bäitrëtt: 05/10/2015
-Realname: Tamara
-Wunnuert: Koplescht

*Wisou bass du TL gejoint?
De Raph huet mech ongewollt mat eran gezunn, ech konnt mech mol net wieren!
Mee déi ganz Geschicht ass méi witzeg: Deemools hat ech mäin 3DS méi oft mat op d'Uni geholl an do misst et jo geschéien, dass ech een vun de Memberen Streetpassen. Beim Raph doheem, wor ech iwwerrascht, dass ech tatsächlech een begéint hunn an dann seet de Raph dach net, dass hien en kennt: Den TL_BenDK. Sou huet dunn alles ugefaang, mer hunn Messagen iwwer Streetpass ausgetosch asw. Dunn hu mer de Ben um GamingCafé getraff an de Raph hat rëm lues an lues méi Kontakt mat TL, an huet mech dunn op en Treff matgeschleeft.


*Wat ass dain Lieblingsgame?
Aus menger Kandheet definitiv Ocarina of Time an Majora's Mask souwéi Secret of Mana, Secret of Evermore, Terranigma... mee och Tales of Symphonia hunn ech eng zeg mol duerchgespillt, an Baten Kaitos. Een Lieblingsgame hunn ech net, mir gefält zimlech vill, vun Animal Crossing (lo wou ech Léit hunn mat deenen ech zesumme spillen kann!), iwwer RPGs an Puzzle Games wei Picross. All Spill wat Multiplayer huet ass natierlech ëmmer wëllkomm, spillen zu méi ass oft méi flott wei alleng

*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
AC-TL! Bis elo gefällt et mer ganz gudd héi :3 en plus sin ech elo schon Member vum Joer ginn!

*Deng Bescht Momenter bäi TL?
Leider nach net esou vill, mee bis elo Runbow! An natierlech ACNL suchten

*Deng Beschter Momenter am Gaming?
Super Mario All Stars: Tele op d'Kopp gestallt an d'Lava ass greng gin! Umierkung: geet net mat néie Fernseher!

*Soss eppes?
Ech hoffen dass mer nach vill flott gaming Momenter hun


Zreck



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de