Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














TL Member: Luis




-Bäitrëtt: 09/10/2009
-Realname: Luis
-Wunnuert: Diddeleng

*Wisou bass du TL gejoint?
Ech wollt deemools einfach eng Grupp mat deenen ech relax spillen konnt. Befier ech TL gejoint sinn wor ech am Clan PNF. Zu dëser Zäit hunn ech guer keen aneren Lëtzebuerger kannt deen och Mario Kart zockt, bis den BenDK mech op der Wii geadd hat, deen mech dann och direkt ageluede huet TL ze joinen. An mengem Däitschen Clan PNF hunn ech mech gutt gefillt mee hunn mir dann awer geduet dass et nach besser wier an engem Clan ze sinn deen och aus mengem Land ass. Also hat ech mech fir TL entscheet.

*Wat ass däin Lieblingsgame?
Zu Wii Zäiten definitiv Mario Strikers Charged Football. Zu ufanks Zäiten hunn ech dat spill gesucht an och kuerz virun Shutdown et ëmmer nach gären gespillt, krut sou gutt ewéi ni den Kéis dovunner.
Momentan ass mäin Lieblingsgame Smash fir Wii U. Spill ass mol nach net 1 Joer released an schonn ~15000 Matcher. Muss mengen näischt méi dozou soen oder? xD


*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
Well et einfach richteg Spaass mécht heiansdo mat Kollegen ze spillen mat deenen een sech gutt versteet. Virun allem well een sech och am RL relativ oft gesäit.

*Deng Bescht Momenter bäi TL?
Do ginn et da puer, mee mengen den beschten Moment wor wuel déi Mario Strikers Saison mam Ben an Sam. Favorite Game fir eng Woch mat Kollegen suchten an dann och nach mäin eegen Rekord briechen. Gëtt schwéier deen Moment ze toppen.

*Deng Beschter Momenter am Gaming?
Hmm dat ass schwéier, ech hat schonn vill cool Momenter mee näischt wierklech Extraes. Géif also schonn soen mäin beschten Moment wor den Win vun der LSL Season 1. 7 Joer nodeems ech mat Kompetitive Gaming ugefaangen hunn, hunn ech et endlech mol fäerdeg bruecht eppes ze gewannen.

Zreck



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de