Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














TL Member: Reaper




-Bäitrëtt: 28/10/2016
-Realname: Chris
-Wunnuert: Maarnech

*Wisou bass du TL gejoint?
Ech sinn TL gejoint well ech gären mat Läit zesummen sinn, déi di selwecht Hobbys hunn wei ech, déi gären all Owend Nintendo-Games zocken.
Am Gaming-Café hunn ech och bal all Member vun TL virun menger TL-Zäit schonn kennen geleiert, an direkt super sympathesch fonnt, Ben hat mech dann eng kéier ugeschriwwen ob ech net eng kéier Loscht hätt mat hinnen puer Ronnen mat ze zocken, dohier misst ech net laang iwwerleeën ob ech TL joinen soll


*Wat ass däin Lieblingsgame?
Mäin Lieblingsgame vun Nintendo ass Super Mario 64 oder di al Pokémon Games (Rot/Blo, Crystal)
Awer als PC-Gamer sinn meng Lieblingsgames zanter 2008 World of Warcraft an Counter-Strike


*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
Ech bleiwen an TL well d´Leit all frëndlech sinn an well een sech gutt versteet. All Owend gëtt eppes aneres gespillt, wat eng gutt Ofwiesslung bréngt, heiansdo mi Competitive awer och einfach Casual Games.

*Deng Bescht Momenter bäi TL?
Meng bescht Momenter sinn all di Event's déi ech am Gaming Café mat gemaach hunn, déi vun den Läit vun TL mat organiséiert goufen. Dorënner Pokémon Turnéier an Mario Kart 64, wou ech 3. an 2. gi sinn.

*Deng Beschter Momenter am Gaming?
Meng bescht Momenter sinn wahrscheinlech meng WOW Zäiten, wou ech zu Zäiten vun "Wrath of Lich King" um Enn vun Add-On zu den beschten 5 Krieger DD vum Server war. Ech war total End-Equip, et hat mer just nach déi Legendär 2Hand Axt gefehlt, mä déi hunn ech mer no puer Joer awer nogeholl

*Soss eppes?
#makeNintendoGreatAgain *ib4 Switch sux, dann RIP TL xD




Zreck



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de