Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














TL Member: KexKrummel




-Bäitrëtt: 28/06/2014
-Realname: Kris
-Wunnuert: Bous

*Wisou bass du TL gejoint?
Am Alter vun 16 Joer, gouf et een klengen Bouf, deen reit säit 6 Méint eng Wii u mat engem eenzege Spill hat (Wind Waker HD). Do koum dann och iergendwann en gewëssent Spill Mario Kart 8 eraus. Einsam und Alleine hunn ech dunn am Internet no Let's Playeren gesicht an een fonnt, den Suishomaru. Bai engem Live-Stream, hunn ech puer Ronnen mat him an engem Raum gespillt, an do war ech op eemol, net méi den eenzegen Letzebuerger: De Kakpu huet nach matgemëscht. Mir béid goufen "Quotenluxi" genannt, wat zimlech cool war. Direkt duerno koum dann och eng Freundschaftsanfrage vum Nick an spéiderhin huet och nach een komeschen TL BenDK sech gemellt... Deen wollt onbedéngt, dass de Casual Gamer, de Rescht vu sengem Liewe verschwenden soll, an engem Team Lëtzebuerg joine sollt. An der kompletter Verzweiwelung, huet de Casual och ugeholl.

*Wat ass däin Lieblingsgame?
Därer ginn et der puer... definitiv gehéiert do Pokémon Mystery Dungeon Team Blau dozou, dat ass bis Haut dat Game, dat ech am meeschten duerchgesuchtet hunn (sou circa 100 mol xD). Awer och The Legend of Zelda Twilight Princess, mäin éischt Game aus der Rei an awer och Wind Waker ^^

*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
Ma ech hunn nach net genuch vun mengem Liewen verschwännst. An ech muss och zouginn, dass ech mech och bis elo e bëssen un di aner Casuals gewinnt hunn.

*Deng Bescht Momenter bäi TL an am Gaming?
Do ginn et der och puer. Enner anerem um Gilles sengem Gebuertsdaag 2015 wou mer den gailsten CW gengt Dream 7eam an Mario Kart 8 gefuer sinn.

Flott, war och main éischten GamingCafé wou ech présent war. Ech weess nach dass ech total lost war zu Koplescht an och guer keen Plang hat wéi di eenzel Memberen ausgesinn. De Ben huet mech empfaang an ech weess dass ech o nach mäin zweeten GC Problemer hat verschidden Nimm ze mierken (sry Darryl >.<'). Witzeg sinn awer och ëmmer rëm di Momenter, wann en intern oder um Gamingcafé Saachen gewënnt xD zum Beispill: Dei 2 Mario Kart 8 200ccm-Turnéieren maachen ëmmer rëm Spaass, oder den gréissten Lucker Turnéier ever: Amiibo Smash Turnéier ^~^.
An rot mol wien déi 3 gewonn huet xD


*Soss eppes?
Kokowei Myrapla Kokowei Myrapla \o/




Zreck



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de