Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














TL Member: BenDK




-Bäitrëtt: 01/02/2007
-Realname: Ben
-Wunnuert: Kolmer-Bierg

*Wisou hues du TL gegrënnt?
Ech sinn an war ni een, deen gären alleng gespillt huet. Story Modussen hunn ech seelen fäerdeg gespillt (Wien ass den Windfailert?), oder ech brauch einfach eng Éiwegkeet, wat aner Leit an 3-4 Deeg fäerdeg hunn.
Ganz am Ufank vum Joer 2007, war et just een Versuch fir mam Fränk, Flep an Claude zesummen och online ze spillen an sech géint aner Clans behaapten ze kennen. Dunn krut ech ëmmer méi den Wonsch, dass ech ganz Land zesummen well kréien. Eben all Gamer, deen Nintendo gären och online spillt.


*Wat ass däin Lieblingsgame?
Wann ech alleng spillen, dann ass et Animal Crossing. DS-Versioun hunn ech jorelaang gespillt, an am Moment hunn ech 2500 Spillstonnen mat der 3DS-Versioun, wat vill ass ech weess... Wann et em zesummenspillen geet dann ass et kloer Mario Kart #Relationshipkillernumber1

*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
Duerch TL Treffs gouf aus dem Online-Modus och eppes am reellen Liewen zesummen gespillt, sou dass vill Frëndschaften entstanen sinn, déi eppes gemeinsam hunn: Zesummen an der Fräizäit den Controler an den Grapp ze huelen an mateneen skypen an spillen!
Vill ze vill Leit am Laf vun der Zäit kennen geléiert. Et goufen der och vill, déi hätten mech nach gezwongen mat TL opzehalen. Mee déi Leit, déi bis haut nach ëmmer matspillen sinn den Grond, dass ech nach ëmmer des Community leeden an och op videogames.lu aktiv sinn!


*Deng Bescht Momenter bäi TL?
D´World Clan League Season 2: Mir gewannen eng Divisioun, och wann ech perséinlech just fir eis Fuerer gespillt hunn mam Sandbagging etc., et ass an bleift déi gäilsten Zäit vun menger Gamer-Time. Sou besonnesch Matcher géint Asphalt Warriors, Team Teen, UWB, NWFC, WEC, d´Victoire géingt Kira Team oder Foro Vandal. Et war einfach den Héichpunkt vun dem Kompetitiven Nintendo Gaming. Sou Momenter kommen wuel leider net méi zréck (Casual-frëndlech sinn an sou...)

*Deng Beschter Momenter am Gaming?
Wéi ech déi éischte Kéier am Online-Modus vun Mario Strikers Charged Football op der Wii, "Striker of the Day" ginn sinn. Deemools wou nach vill gutt Leit et gespillt hunn, war dat wierklech eng gutt Leeschtung.

*Soss eppes?
"De Ben ass éischten." "Häääääääääääääääääääääääääää?" ._.


Zreck



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de