TL | Team Luxembourg | Team Luxemburg | Team Letzebuerg | Nintendo Gaming Community
0
0 0 0 0 0





















Eis Spiller:











Update-Box:


Shoutbox
BenDK 30.07.:
Match Results all agedroen. Landesrekorder och all agedroen
BenDK 26.05.:
MK8DX Crs updated
BenDK 26.05.:
Biller Problemer fixed again
BenDK 07.03.:
Biller Problemer fixed.
[GWE] GWE_AresGamingTV 06.02.:
hey was geht lg von gef.cplanet.de
BenDK 02.01.:
VR Ranking Mount Januar ass aktualiséiert!
Zum Schreiben einloggen




Webstats
webstats
Heute: 1
Gestern: 12
Monat: 153
Gesamt: 84.930


TL Member: TheMPKev




-Bäitrëtt: 24/04/2009
-Realname: Kev
-Wunnuert: Kehlen

*Wisou bass du TL gejoint?
Ech sinn enges Daags op YouTube vun engem vun TL ugeschriwwen ginn mat der Ufro, ob ech interesséiert wär, TL bäizetrieden. Vu dat ech mech am Allgemengen staark fir Gaming interesséiert hunn an domadder eng Chance hat, lëtzebuergesch Gameren kennenzeléieren, hunn ech mech dann och dofir entscheet, bäizetrieden.

*Wat ass däin Lieblingsgame?
Ech hunn ganz gären méi komplex opgebaut Spiller am Stil vun Banjo Tooie oder Donkey Kong 64. Am Multiplayer ass et dann éischter sou eppes wéi Mario Party.

*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
An TL huet een einfach sou vill Leit, mat deenen een sech gutt versteet a mat deenen een heiansdo mol eppes kann zesummen zocken. Et huet sech mat der Zäit sou e gewëssent Zougehöregkeetsgefill entwéckelt, och wann een villäicht a leschter Zäit guer net méi aktiv ass, an dovunner kënnt een net einfach sou rëm lass.

*Deng Bescht Momenter bäi TL?
Déi bescht Momenter huet een ëmmer op den Clan-Treffs, well do oft witzeg Gamingsituatiounen entstinn an dann och einfach déi Reaktioun vun de Kollegen sou direkt ass.

*Deng Beschter Momenter am Gaming?
A menger Jugend hunn ech oft Spiller op Highscores gezockt, spezialiséiert hunn ech mech dobäi virun allem bei de Minispiller vun Mario Party 4 bis 8. Highlights wären dann, engersäits op nationaler Ebene, dat ech eng Zäit laang den Landesrekord bei Mario Kart Wii an "Vulkangrollen" hat, op internationaler Ebene hat ech souguer kuerzzäiteg de Weltrekord bei "Pose Mii" (Wii Play) an "Balkenpuzzle" (Mario Party 8). Erwähnen kéint een och den 1. Plaatz an engem Turnéier vun der N-Zone (September 2009), wou et dorëms gaangen ass, bei Wii Sports an der Zomm vun de Tennis-Diszipliner déi meescht Punkten ze kréien.

*Soss eppes?
Dat Flott un TL ass, dat een sou een gudden Zesummenhalt huet. Vill Clans oder Communities kennen sech nëmmen "virtuell", bei eis gëtt et den groussen Virdeel, dat mir eis och perséinlech kennen an eis souguer méi oder manner reegelméisseg eng Kéier treffen a gesinn.


Zreck
CP Login
Du bist nicht eingeloggt







Ënnerstëtzt vum:






TL Time Trial Rekorder:






























International Ligen: