Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














TL Member: Genis




-Bäitrëtt: 01/07/2007
-Realname: Fränk
-Wunnuert: Kolmer-Bierg

*Wisou hues du TL gegrënnt?
Oh mei wat fir eng Fro, schonn sou laang hier
Deemools wäre mer ebe zu puer di heiansdo sou zesumme komm sinn fir ze spille, an mengen wär dem Ben seng Idee fir eis dann als "offiziell" Grupp sou gesinn dann och online ze weise. No an no sinn dann ëmmer nei Gesiichter dobäikomm, wouduerch et mei lieweg ginn ass


*Wat ass däin Lieblingsgame?
Do ginn et der eng Partie, wierklech een eenzege Liebling hunn ech net, éischter pro Konsolegeneration 1-2 jeeweils, mais ech sinn keen deen en Spill ëmmer erem spille kann, och wann ech et flott fanne, well imo no der 3. Kéier kennt een bal alles auswenneg an dann ass den Entdeckerreiz verluer, deen mech am meeschten interesséiert un Spiller. Probéieren och all Spill sou gutt wie méiglech 100% ze packen, also gesinn ech alles beim 1. Duerchspille.
Zu den Beschten gehéieren: Conker's Bad Fur Day (N64, geniale Humor^^), Fire Emblem: Path of Radiance (GCN, Glanzstrategiespill), Tales of Symphonia (GCN, Lieblingsrollespill forever, ca. 200 Stonne fir eng Kéier op 100% duerch^^, Nickname jo och dovun ), Frontschweine (PC, de Glanz di Kommentarer an Schwein ofschéisse ftw ), Xenoblade Chronicles (Wii, deelt bal den Thron mat ToS, ca. 220 Stonne fir 100% duerch ), Mario Kart Wii (Wii, dierf wuel net feele, wann een bedenkt dat een et 7 Joer laang intensiv gespillt huet^^), Rayman Legends (Wii U, hammer Jump n'Run, nëmme ze empfehlen), Runes of Magic (PC MMORPG, Spillen et lo schonn eng Zäit an fannen et ëmmer erem motivéierend virun ze spille, sou en Riesenemfang gesäit een net oft an Videospiller an och eng super Community, dowéinst och leider hei e "bësse" inaktiv^^)
Ginn der nach eng Partie, mais géif soen dat wären di Haaptverdächteg^^


*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
Ass an bleift deen/di eenzeg/e Nintendoclan/Community, där ech jee wäert bäitriede, souvill Héichten an Déiften erlieft, Zäit investéiert, duerch di zahlreich RL Treffen och jidderee perséinlech kenne geleiert. Et ass an bleift ëmmer eng schéin Zäit wann een sou zréckdenkt. An di weilt ech net einfach ewechgeheien, och wann ech elo inaktiv an Punkto Nintendo Gaming sinn, sinn ech trotzdem all Kéiers um GamingCafé vertrueden an mescht ëmmer nach riseg vill Spaass fir mat den jeeweilege Member ze spille, an zemools alles an der Mammesproch ze beschwätze!

*Deng Bescht Momenter bäi TL?
Oho, wann ech nach gutt di 10 Joer am Kapp hätt, wier des Fro mi einfach^^
Et huet een souvill erlieft, do ass et schwéier eenzel Momenter erauszesiche, an punkto MKW huet een awer sou gutt wie alles matgemaach, vun Ragequits iwwer Teamrape di engem i-wie éischter an Erënnerung bleiwe (zB. DS Delfino en schéine Target vum Laurent, ne Ben?^^ oder GCN Waluigi een entscheedende Shock vun engem Cryza géing BC^^) awer natierlech och flott Momenter wann Shocks perfekt agesat goufe, Top4/5s entstane sinn oder engem einfach alles egal wär an mat Quacker ronderëm gedüst ass
Oder nach sou een 2v2 mam Kim, wie hien op GCN Waluigi bemol bal keng Loft mi krut vun Laachen, well einfach all Backspam getraff huet vun eis 2, an mer gutt eng hallef Ronn Virsprong hate op den 3.
Wär mer leider verweigert jee eng 180 an engem Clanwar ze score, awer dat muss jo guer net sinn, léiwer en gudden Allrounder deen iwwerall hëllefe kann, an dann wann et muss sinn och probéiert un der Spëtzt ze fueren


*Deng Bescht Momenter am Gaming?
Et sinn ëmmer erem flott Momenter gewiescht, wann een Credits vun engem Spill gesinn huet, an wousst dass een Spill zu 100% ofgeschloss huet an domadder berouegt dat nächst ufänke konnt.
Allgemeng TL Treffe wären ëmmer erem en Highlight vum Joer, ouni Ausnam alleguer super ofgelaf an eng flott Stëmmung gewiescht. Dat nämlech gellt elo fir den GamingCafé


*Soss eppes?
TL 4life an Merci un jiddereen deen all di Joere dabei wär, egal fir wie laang oder kuerz, mat jidderengem eng schéin Zäit verbruecht


Zreck



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de