Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














Hall of Fame


  • Joer 2007:



-Am Grënnungsjoer vun Team Lëtzebuerg goufen et leider nach net vill Rekorder. Bis op den Fait, dass mer Mario Kart DS Clan Wars ugefang hunn, déi der héi eng kéier nokucken kennt. Matgespillt hunn: Yo242, Feetza, Speed|Lux, Genis, Jay-D an BenDK. Sie sin den Grondsteen dass ënnert TL Matcher géingt aner Teams gefuer goufen an hun dofir hier Plaatz an der Hall of Fame och verdéngt.


  • Joer 2008:



-08. Januar: Den Evoker an den Raven hunn sech zu 2 méi gema, een naidt Forum fir TL ze bastelen.
Vun 2008 bis 2014 goufen méi wéi 10.000 Posts dran gema, an mir hunn iwwert 250.000 Views gehat. Et war Jorelaang een wichtegen Bestanddeel vun TL, mee no an no huet Forum-Generatioun den Kampf géingt Facebook an Twitter verluer, sou dass et an der Summervakanz 2015 offiziell gema hunn, d´Forum just nach representativ oprecht ze erhalen.

-03. Juni: Den Wilma ass TL gejoint an grad hien huet eng Plaatz sech an der Hall of Fame verdéngt, well hien sech extremst em Clan-Projets bekëmmert huet. Duerch hien gëtt et haut nach ëmmer den berühmten TL-Skype-Chat, wou stonnelaang geschriwwen an geskyped gëtt. Dofir nëmmen Merci gesot!

-27. August: Team Lëtzebuerg fiert den 1. Mario Kart Wii Clan War géingt Neo Wii Gamer Generation. Dësen CW gëtt och mat 282:206 gewonnen. No dësem CW sollten nach 1500 Matcher an Mario Kart Wii gefuer ginn, wat bis haut den Grondsteen fir eis Erfolleger an eisen Zesummenhalt duerstellt.

-02. Oktober: Am Wettbewerb 1, Oktober 2008, ass et den Cooli aka Kim, deen déi éischte Kéier den TL Tag an deenen berüchtegten Mario Kart Wii Rankings vertrueden huet! Hien huet eng 2. Plaatz Kontinental an eng 7. Plaatz Weltwaidt eragefuer, wat wierklech déi Zaidt extremst hefteg war, géingt all déi aner Freaks vun der Welt sech duerchzesetzen!

-09. Oktober: Déi éischt Top10 am Time Trial gouf mam TL Tag gefuer, an zwar huet den SoilY aka Evoker eng 7. Platz op N64 Sorbet-Land gema. No dësem Erfolleg ass des Streck intern bäi TL och als "Laury-Land" ëmgedeeft ginn!

-Mett Oktober: Team Lëtzebuerg joint dank dem Evoker der World Clan League an Mario Kart Wii. All 12 Seasons hu mer do matgespillt an mer hunn eis an den Top25 vun den weltwaidt beschten Clans etabléieren kennen, och wann mer déi eng oder aner Season Line-Up Problemer haten an doduerch eng Divisioun eroof gefall sin. Hei kenn der déi komplett Erfolleg-Geschicht noliesen, wou den ganzen "WCL-Princip" erklärt gëtt an och nokucken wéi sech Lëtzebuerg net sou schlecht representéiert huet an dem Spill.


  • Joer 2009:



-07.Januar: Op dësem Dag, huet Team Lëtzebuerg sech déi éischte Kéier am reellen Liewen op sou engem sougenannten "TL Treff" begéint an der Staat beim Raven. Nieft him waren och dobäi: Thunder, Genis, Cooli, Evoker, PassoaX, slinet2 an BenDK.
Dësen Treff ass einfach och een Grondsteen wisou des Community bis haut nach ëmmer existéiert an och wisou nach bis duerno iwwert 15 Clan Treffs gema goufen.

-08. Februar: Op dësem Datum goufen den éischten Super Smash Brothers Brawl Clan War géingt NDK gemaacht. Leider huet sech séier erausgestallt, dass et an engem Clan net sou richteg leeft mat eenzel Matcher par Rapport géingt een Team-Game ewéi Mario Kart Wii déi Zaidt. Sou dass hei net méi vill Matcher nokomm sinn. Trotzdem Merci gesot un den Raven, Trax, slinet2 an Cooli, dass se et awer probéiert haten.

-17. Mee: Den kuigl packt et als 3. aus dem Team fir am Time Trial bai MKW eng 10. Plaatz an der Kontinentaler Top10 hinzekréien an dat op SNES Mario Pist 3!

-01. Juni: Team Lëtzebuerg gewënnt eng Division an der World Clan League Season 2. Eist Top Line-Up deen Moment war: Evoker, Cooli, Genis, slinet2 an BenDK, mee natierlech och Thunder, kuigl an feetza hunn deen een oder aneren Match een relativ gudden Ersatzmann gespillt. Hei kenn der alles an rou noliesen vun eiser gudder Season.

-02. Juni: Den Cooli war extrem motivéiert no der 1. Divisioun Victoire vun TL an der WCL an huet dëst direkt an dem Time Trial och erëm excellent ëmgeseet. Hien packt et 2. vun Europa op DS Glühheiße Wüste ze ginn an ass och nach 5. beschten Spiller vun der Welt op dëser Streck. Den Video vun senger Zaidt, déi en duerno nach heiansdo bëssi verbessert huet. Dëst ass iwwregens, deen Country Records aus dem Land, deen bis elo ni méi geknackt ginn ass duerch aner Laidt!

-17. Oktober: Team Lëtzebuerg gewënnt European Clan League, dest war eng kleng Only-Europäesch Versioun vun der WCL, déi allerdengs just 12 Teams haat an och nemmen iwwert eng Season gelaaf ass. hei kenn der se ierch nach eng kéier unkucken.

-10. November: Den kuigl packt et nees eng kéier sech an den Top10´s an Mario Kart Wii ze weisen. Des Kéier sechert hien sech eng 9. Plaatz am 1. Wettbewerb vum Mount November.

-10 Dezember: Den Cooli schléit beim nächsten Wettbewerb och erëm zou an gëtt den 6. vun Europa am Wettbewerb 1, Dezember.


  • Joer 2010:



-Während dësem Joer ginn iwwert 5 WCL Seasons an Mario Kart Wii gefuer, dir kennt se all Hei iech am Detail nach eng kéier ukucken. Vlaidt hunn mer an dësem Joer keng Divisioun mee trotzdem mir hunn am ganzen iwwert 12 Fuerer aus eisem Team fueren gelooss an hunn eis amfong och an dësem Joer een groußen Numm en General an der Mario Kart Wii Community gema! Mir hun am ganzen dest Joer iwwer 530 Matcher gema!

-02. Januar: Beim 41. Wettbewerb konnt den Kev sech och eng kéier mam TL Tag an den Kontinentalen Top10 weisen. Hien gëtt den 8. vun Europa!

-10. Februar: Den Cooli get baim 1. Wettbewerb vun desem Mount an Mario Kart Wii den 10. vun Europa

-18. Juli: Team Lëtzebuerg gewënnt een besonneschen Clan War géingt No Surrender, an zwar packen mer et während 6 Stonnen Mario Kart Wii Gerapes an Gerages auszehalen. D´Resultat huet um Schluss 2021:1881 geheescht an dir kennt et hei nach eng kéier nokucken wei et déi eenzel Stonnen ausgesinn huet. Dësen CW representéiert amfong och bal den Héichpunkt vun der ganzer Mario Kart Wii Gesicht, well mer et als klengt Team iwwerhaapt et hikruuten fir während 6 Stonnen mannst 4-5 Laidt ëmmer ze hunn!


  • Joer 2011:



-2. September: Baim 81. Wettbewerb vun Nintendo an Mario Kart Wii, packt et och eng kéier den Thunder sech an déi Kontinental Top 10 ze klasséieren. Hien get 5. vun Europa!


  • Joer 2012:



-10. Abrell: Den Luis get den 9. vun Europa am Wettbewerb.

-25. Abrell: Des kéier net nemmen den Luis, mee och den Kim mecht nees bai engem Wettbewerb an Mario Kart Wii mat.
Et ass déi 6. respektiv dei 8. Platz fir sie 2.

-25. Mee: Den Luis an den Kim brengen et färdeg Platzen 1 an 2 vun Europa an engem Wettbewerb vun Mario Kart Wii hinzekréien!

-31. Juli: Team Lëtzebuerg gewënnt eng Division an der Pre-Season vun der International League. IL kann een als "World Clan League 2.0." ugesinn, wat also erëm ënnersträicht, dass mer een gutt internationaalt Resultat gema hunn!


  • Joer 2013:



-10. Januar: Kim an Luis kréien Platzen 5 an 9 vun Europa baim 114 Wettbewerb vun Mario Kart Wii.

-10. Mee: Den Luis get den 9. vun Europa baim 121. Wettbewerb vun MKW.

-10. Juni: Luis an Kim kréien Positioun 4 souwéi 10 vun Europa an engem Mario Kart Wii Wettbewerb.

-25. Juni: Den Luis brengt d´Konschtwierk färdeg fier den 1. vun der Welt am 124. Wettbewerb vun MKW!

-30. Juni: We Live Games huet dat éischt Mario Kart Wii Turnéier hei am Land organiséiert. D´Laidt vun TL hunn et sech net huelen gelooss fir matzespillen zu Esch am Ciné Ariston. Am Ganzen waren 24. Laidt ugemellt, mir konnten eis Top 5 Positiounen all sécheren: 1. Feetza, 2. Kim, 3. RaDioAc, 4. Genis, 5. BenDK. Déi 6. Positioun geet un den Puni deen duecht dëst Event säin Wee, bäi TL och fonnt huet. Gewënner-Foto an den Artikel aus der Essentiell.

-10. Juli: Den Luis get den 8. vun Europa baim 125. Wettbewerb an MKW.

-25. Juli: Den Luis get den 6. vun Europa baim 126. Wettbewerb an MKW.

-10. August: Den Luis get den 5. vun Europa baim 127. Wettbewerb an MKW.

-13. August: Während enger ganzer Wochen spillen den LuiS, SamLp an BenDK zesummen bal iwwert 100 Stonnen Mario Strikers Charged Football an sécheren sech domadder eng Top3 Positioun an Europa am Wochenranking vum Spill. Op der 4. Positioun war een komplett random Tipp, deen zum Schluss vun der Season huet missen seng Madness erausloossen, well en géingt eis 3 net konnt ukommen mat sengem NK-Bug .

-10. September: Den Luis get den 3. vun Europa baim 129. Wettbewerb an MKW.

-25. September: Den Luis get den 5. vun Europa baim 130. Wettbewerb an MKW.

-10. Oktober: Den Luis an den Kim maachen d´Plaatzen 3 an 4 vun Europa baim 131. Wettbewerb vun MKW.

-18. Oktober: TL gewennt eng Divisioun an der Small Clan League, eng kleng international 3on3 Liga. Hei ass nach eng kéier denGewenner-Banner.


  • Joer 2014:



-31. Mee: Een naidt Kapitel bäi TL, mir hunn déi éischt Mario Kart 8 CW´s gespillt. Am ganzen goufen hei leider nëmmen eng circa 40 Matcher gefuer, well Spill einfach net kompetitive spillbar war, zemools wann een mat Mario Kart Wii et vergläicht. hei kenn der ierch Matcher nach eng kéier ukucken!

-15. September: Ënnert dem Projet "LUX" packen et den SamLp, Daniel an BenDK eng Top3 fir Lëtzebuerg an enger Mario Kart 8 World Cup Turnéiergrupp ze maachen. Niewenbai packt et och den SamLp als éischten vun der Welt, deen déi 9999 an enger Turnéiergrupp scoren kann. Hei kenn der iech deen kompletten Projet nach eng kéier duerchliesen!

-25. Oktober: Den Puni kann sech um Gamingcafé zu Koplescht géingt um éischten Smash 3DS-Turnéier duerchsetzen.

-22. November: Den Puni kann déi 2. Kéier een Smash-3DS-Turnéier zu Koplescht gewannen.

-13. Dezember: Um We Live Games Smashfest , wat dat éischt Smash Wii U Turnéier hei am Land war, huet den Puni direkt op sech opmierksam gema an eng 3. Plaatz eraspillen kennen an dat géint +- ugemellten 120 Laidt, déi sech ugemellt haten zu Esch am Ciné Ariston. Foto vun den Gewenner Gewonn gouf Turnéier vum Trax, 2. Platz fier den otek.

-20. Dezember: Den Luis kennt op eng 2. Plaatz beim éischten Gamingcafé-Smash Wii U Turnéier, wou eng 42 Laidt matgemëscht hunn. Gewënner huet nees eng kéier Trax geheescht! Donieft gouf et och nach en total randomt Smash Amiibo Turnéier Dëst gouf vum Kex mat engem Link Amiibo gewonn, deen zu allem Iwwerfloss en anert Stéck Plastik gewonn huet. Zweeten gouf den BenDK mat engem Donkey Kong Plastik


  • Joer 2015:



-25. Abrëll: Um Gamingcafé gouf dat éischt Mario Kart 8 Turnéier hei am Land gespillt. Op 200cc an nëmmen op den neien DLC Strecken vum 2. Bundle deen kuerz fierum Event erauskomm ass, hunn sech eng 24 Laidt zu Koplescht dofir ugemellt gehat. Den Gewënner ass den Kex an dat fierun an deem Moment engem onbekannten an zwar dem BlackStar, deen puer Deeg duerno Member vun TL ginn ass.

-20. Juni: Um Gamingcafé gewënnt den Kex an engem 2. MK8-200cc-Turnéier. Matgemaach haten eng 12 Laidt, Platze 2 an 3 ginn un den BlackStar an Luis. Den Puni huet eng only-TL Finall komplett gema an zwar op der 4. Plaatz. Nach matgespillt hunn MamuSa, deen et bis an Halleffinall gepackt huet, souwéi slinet2.

-Vum 26. bis den 28. Juni hunn sech den Luis an den Puni op der BIG AGON zu Neuss an Däitschland an engem Turnéier géingt eng zimlech gutt Auswahl vun däitschen Smasheren. Den Luis koum op eng extrem staark 9. Plaatz an huet gutt op sech opmierksam gema. Déi 33. Plaatz gouf et fir den Puni. Link vun den offiziellen Resultater

-04. Juli: Den Luis an den Puni spillen an der Luxembourg Smash League Season 1 mat an gewannen dëst och, nodeems se am Ranking, wat iwwert 5 Turnéieren gaangen ass sech qualifizéiert hunn. D´éischt Plaatz ass fir den Luis an den Nick ,deen den ganzen Daag schwéier Matcher hat gouf 2. Am 2on2-Turnéier hunn si als Team och déi 1. Plaatz fir sech entscheeden kennen!Foto vun den Gewënner
Den Highlight Video, wou der déi 2 och gutt gesin kennt!


  • Joer 2016:



-09. Januar: Um Winterclash, deen vun videogames.lu organiséiert gouf, huet eisen Lui$ di zweeten Platz an den Singles sech geholl. Den Nick ass op di 4. Platz komm!

-13. Mee: Um WLG Beatdown II, kennt den Lui$ op di éischten Platz an den Nick op di 4. Platz an engem Smashturnéier, wou 21 Léit aus Letzebuerg matgespillt hunn!

-2. Juli: Um Summerclash, deen vun videogames.lu nees organanséirt gouf huet den Luis sech di éischten Platz geholl, den Nick gouf 2. an den Doubles konnten allenzwe an engem Team fier TL Victoire huelen!

-16.Juli: Um Summersmash, deen vun der Luxembourg Smash Legue organiséiert gouf, kennt den Nick op die 3. Platz an den Smash Singles!

-8. Oktober: Um Sweet Impact #1 - The journey begins, een Smash Turnéier organiséiert vun der Sweetspot Asbl konnt de Nick d'Turnéier fir sech entscheeden! Eng Foto gouf och dovunner gema, wou den Nick houfreg mam TL T-Shirt do stoung!

-19. November: Zu Stroossbuerg op engem internationalen Turnéier packt eise Puni eng kleng Sensatioun! Hien gëtt zum Schluss gudde 5. ënnert ganz grousse Smash Nimm!

-22. November: Op dem Optakt vun der 11F Gaming Week gouf Mario Kart 8 gespillt. 24 Spiller aus dem Land, souwéi aus der Grenzregioun, hunn sech do em den Gewënn vum <<National Cup>> duelléiert. Um Schluss koumen folgend Platzen fir eis Memberen eraus: 2. BenDK, 3. Puni, 6. Sam, 8. Reaper an 10. Black Star D'News dozou ass och disponibel!

-23. November: Op der 11F Gaming Week gouf och e Smash Turnéier organiséiert. Hei beweist eise Lui$, dass hien de beschten Smasher aus dem Land ass an den Titel vum Landesmeeschter och fir sech kann sécheren. De Nick huet et bis an Top 8 gepackt, wou hien géint de Luis och just knapp 2-3 verluer hat. D'News dozou ass och disponibel!

-17. Dezember: Um Christmas Fight, ee Smash Turnéier organiséiert vun der videogames.lu Asbl gewënnt de Lui$ nees eng Kéier een Turnéier. Och de Puni konnt sech och di 3. Platz eraspillen. De kompletten Iwwerbléck vum Turnéier ass hei disponibel!


  • Joer 2017:



-7. Januar: Op dem Smash Turnéier PPT München keent de Lui$ op di 7. Platz vum Turnéier. Gewonnen gouf d'Turnéier vum Larry Lurr, och de Puni ass 13. am Ranking vun insgesamt 133 Smashers ginn an huet zesummen mam Lui$ de rout, wäiß, bloen Fändel gutt vertrueden! De kompletten Iwwerbléck!

-28. Januar: Op dem Smash Turnéier Smash Valley kennt de Lui$ op di 13. Platz vum Turnéier. Och de Puni war um Turnéier dobäi an gett de gudden 64. vun nees 151 Deelhuer. De kompletten Iwwerbléck

-September 2016 bis Mäerz 2017: Iwwert 6 Méint hu mir vun Team Lëtzebuerg zesummen Splatoon 1 an der ESL gespillt am Go 4 Splatoon Europe Cup. Um Endranking si mir op eng sensationell 25. Platz gelant an hunn domadder och Lëtzebuerg gutt vertrueden!
Hei gesitt der eise komplette Kader, deen un dësem Projet deelgeholl huet!

-Januar 2017 bis Februar 2017: An der lëtzebuergescher Liga Rocket League 2vs2 Pro Season packen et den Black Star an de Reaper op di 2. Platz an de Pingu an de BenDK op di 4. Platz vun insgesamt 18 Equippen di sech do ugemellt hunn. Des Liga ass vun LetzGame organiséiert ginn.

-25. Mäerz 2017: Op der Springbreak, dem neien Numm vun der Fréijorsfoire, hunn den Black Star an de Reaper sech an den Online-Qualifikatiounen vun engem Rocket League Turnéier bis an d'Finall gespillt, wou se dunn konnten ënnert den Top 8 an de Luxexpo Halen spillen. An enger spannender Partie ginn si zum Schluss den 5. vum ganzen Turnéier an hunn Team Lëtzebuerg och op der éischter lëtzebuergescher eSport Bühn gutt presentéiert!

-7. an 8. Abrëll 2017: Um Gameland 2017, een 48 Stonnen Event, wat vun We Live Games an videogames.lu organiséiert gouf, huet de Puni Freides an engem Super Smash Bros. Melee Turnéier sech bis op di 4. Platz gespillt. Samschdes dunn huet de Lui$ an engem Smash Bros. Wii U Turnéier, di éischte Platz fir sech sécheren kennen. Op der drëtter Platz kann een och de Puni fannen. Eng Foto vun den Top 3 vum Turnéier

-Juni/Juli 2017: Mir hunn als Team Lëtzebuerg och Lëtzebuerg beim Mario Kart 8 Deluxe World Cup 2017 vertrueden. Och wann mer di lescht an eiser Gruppephase goufen, waren mir 1 vun 12 Natiounen, di sech deser Challenge gestallt hun. De kompletten Iwwerbléck fann dir hei!

-2. September 2017: Op engem Floumaart mat Spillnomëtteg Event gouf zu Rued-Syr och een Mario Kart 8 Wii U Turnéier organiséiert. Ënnert 27 Spiller goufen et fir 3 Memberen vun Team Lëtzebuerg folgend Positiounen: Platz 1 fir den Black Star, Platz 2 fir den Pingu a Platz 5 fir de BenDK. Hei ass eng Foto vun den 2 Gewënner aus dem Turnéier!

-More will hopefully follow soon



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de