Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














TL Member: Puni




-Bäitrëtt: 03/07/2013
-Realname: Nick
-Wunnuert: Leideleng

*Wisou bass du TL gejoint?
Ech sinn TL deemools gejoint well mech den Ben ob engem MKW Tornéier vu We Live Games ugeschwat huet an mir di Idee enger Aart Community/Clan bäizetrieden, gefall huet, no net vill Iwwerleeën war meng Entscheedung dunn gefält.

*Wat ass däin Lieblingsgame?
Mäin Lieblingsspill ass schwéier ze soen, ech Spillen vill Smash awer sou eppes wie Earthbound fir den SNES, Mario 64 fir den N64 oder d'Fire Emblem Rei sinn och ganz fir.

*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
Obwuel ech den ACNL Hype den momentan leeft net deelen kann, well ech d'Spill selwer net hunn, bleiwen ech an TL well d'Memberen alleguerten fein Leit sinn mat deenen en heiansdo vill Spaass kann hunn an gutt chatten kann.

*Deng Bescht Momenter bäi TL?
Mäin beschten Moment ass schwéier ze soen, mee wann ech elo eng Pistoul um Kapp hätt géif ech schonn bal mengen wou den Luis an ech di Mario Party beim Eric sengem Treff gewonnen hunn.

*Deng Beschter Momenter am Gaming?
Bescht Momenter am Gaming...wann en lo mol Smash ausléist soen ech mol den Moment wou ech DK64 zu 100% duechhaat, di Minispiller sinn um Enn vill ze schwéier ginn...

*Soss eppes?
D'Hoffnung stierft net dass Nintendo mol en Spill erausbréngt wou net iergendeen no 15 Minutten den Kéis krit wann mir et zesummen Spillen!


Zreck



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de