BenDK | Mario Kart 8 Deluxe: [Mario Kart 8 Deluxe] 2021/2022 TL National Leagues | |||||
![]() Genee ewéi lescht d´Joer am Hierscht wäerte mir dëst Joer och erëm eng réng Lëtzebuergesch Mario Kart 8 Deluxe Online Turnéiere presentéieren an organiséieren. Am Joer 2018 hu mer mat engem simpelen 1 géint 1 Turnéier ugefaangen, duerno koum och direkt den 2 géint 2 dorunner. Nodeems mer 2020 eng Kéier nees méi Effort an d´Spill gestach hunn si mer mat 1 géint 1, 2 géint 2 souwéi 3 géint 3 a weider wichteg Schrëtt fir di lëtzebuergesch Mario Kart Szene gaangen. Et ass ee Projet wou net nëmmen di beschte Spiller aus dem Land sech moosse kenne mee och een ënnert Kolleegen sech einfach emol moosse kann a selwer emol kucke ka wou ee par Rapport zum Rescht vum Land drun ass. Dëst Joer maache mir mat eiser Idee virun andeems mer och di éischte Kéier de Format 4 géint 4 duerchzéie wäerten. Di eenzel Formater am Iwwerbléck: 1vs1: 26. September 2021 21h00 - 1. Oktober 2021 21h00 - Umellungszäit fir 1vs1 Liga an eisem Discord-Channel. 2. Oktober 10h00 - 14. November 18h00 - Mario Kart 8 Deluxe 1vs1 Liga 2021! 2vs2: 15. November 21h00 - 21. November 21h00 - Umellungszäit fir 2v2 Liga an eisem Discord-Channel. 23. November 2021 - 27. Dezember 2021 22h00 - Mario Kart 8 Deluxe 2vs2 Liga 2021! 3vs3: 28. Dezember 2021 21h00 - 2. Januar 2022 21h00 - Umellungszäit fir 3vs3 Liga an eisem Discord-Channel. 3. Januar 2022 - 27. Februar 2022 - Mario Kart 8 Deluxe 3v3 Liga 2022! 4vs4: 28. Februar 2022 - 6. Mäerz 2022 - Umellungszäit fir 4vs4 Liga an eisem Discord-Channel. 7. Mäerz 2022 - 30. Abrell 2022 - Mario Kart 8 Deluxe 4v4 Liga 2022! Hoffe mer also op spaasseg Méint zesummen a bleift aktiv ob eisem Discord, Facebook respektiv Instagramm Account fir keen Announcement ze verpassen! | ||||||
» Login now Only clan members can post comments. If you are a member, you have to login first. Comments can only be posted in the first four weeks after the news appears. You are not allowed to post entries on this page. The lock was set by the clan or the guild itself, not by Clanplanet. For any further questions, you must directly contact the members.