Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














Lëtzebuergesche VR-Ranking




Zenter Dezember 2018 hu mir vun Team Lëtzebuerg 1x pro Mount eng Aktioun gestart, fir di bescht lëtzebuergesch VR-Punkten ze sammelen! Eisen éischte VR-Ranking huet mat 15 Leit ugefaangen, zënter der 11. Editioun am Oktober 2019 hu mir mëttlerweil 50 Leit am Ranking a kennen domadder houfreg Iech all Ufank vum Mount Top 50 vun de lëtzebuergesche Mario Kart 8 Deluxe Spiller presentéieren!

Egal ob dir an Team Lëtzebuerg sidd oder net, schéck eis äre VR-Ranking eran a verbessert Iech ëmmer virun!

Hei ass den aktuelle VR-Ranking vum Oktober 2022:


Zesumme mam Le Reservoir hu mir och di grouss Chance un Iech Reservoir-Vouchers ze verdeelen, di mir Iech unhand vun dësem Bild erklären:



Pro Mount ginn et ab elo ëmmer 2 Gewënner:
1) De Spiller, deen am meeschte VR-Punkte gemaach huet, gewënnt ee Reservoir-Voucher am Wäert vu 25€.
2) Ee Spiller, deen sech am Mount verbessert huet an och net deen ass mat de meeschte Punkte gewënnt via Zoufallsgenerator ee Reservoir-Voucher am Wäert vu 15€.

Generell hu mir och folgende System am VR-Ranking zënter Mee 2020 agebaut:
1) Areecht ee Spiller als seng perséinlech Punktzuel mannst 25.000 VR, huet hie Recht ob ee Reservoir-Voucher am Wäert vu 25€.
2) Areecht ee Spiller als seng perséinlech Punktzuel mannst 50.000 VR, huet hie Recht ob ee Reservoir-Voucher am Wäert vu 50€.
3) Areecht ee Spiller als seng perséinlech Punktzuel mannst 75.000 VR, huet hie Recht ob ee Reservoir-Voucher am Wäert vu 75€.
4) Areecht ee Spiller als seng perséinlech Punktzuel mannst 99.999 VR, huet hie Recht ob ee Reservoir-Voucher am Wäert vun 100€.
Des Reservoir-Vouchers géife mir och kumulativ bewäerten heescht, wann ee Spiller di 4 Steps packe géif, géif en am Total 250€ kenne kréien!

De VR Ranking mat 50 lëtzebuergesch Spiller ass eenzegaarteg hei am Land an ass och mat der 23. Editioun nach laang net eriwwer. Duerch dëse Changement soe mir Iech, de Fuerer ee grousse Merci dass der ëmmer matspillt.

Dir hutt weider Froen dozou? Da kontaktéiert eis iwwert eisen Discord-Channel, respektiv eisem Facebook Site!

~Team Lëtzebuerg



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de