Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














TL Member: feetza




-Bäitrëtt: 05/10/2007
-Realname: Darryl
-Wunnuert: Kärjeng

*Wisou bass du TL gejoint?
Ech hunn 2006-2007 mat engem Kolleg immens vill Mario Kart DS gespillt, souwuel Online wei och Zäitfueren. Iergendwann hu mir eis gefrot ob et villäicht och aner Lëtzebuerger géif ginn déi dat Spill regelméisseg spillen. Wéi ech dunn erëm eemol bei hien Heem gaange sinn, sot hie mir en hätt e Clan fonnt deen aktiv MKDS géif spillen. Dee Clan war TL.

*Wat ass däin Lieblingsgame?
Schwéier soen.. Et ginn vill Spiller déi ech immens gär hunn. Pokémon, Mario Kart, League of Legends a mëttlerweil och GTA V gehéieren awer wuel uewen an d'Lëscht.
Mäin absolute Favorit bleift awer ëmmer nach Secret of Mana.


*Wisou bleifs du bäi TL bis elo?
Well ech mech mat sou zimlech jidderengem do immens gutt verstinn, a well ee sech och regelméisseg am RL gesäit.

*Deng Bescht Momenter bäi TL?
Besonnesch fir mech war mol deen 1. TL-Treff bei dem ech dobäi war, fir mol all déi komesch Gesiter do eemol live ze gesinn.
Vun CW's hir war ech an MKW jo ni esou immens gutt, bis op di 135 déi ech eemol gescored hat. MKDS-Bilanz ass do besser, och wann ech just bei 2 dobäi war.. Och op meng MKDS-Rekorder sinn ech stolz, mee déi hu just indirekt mat TL ze dinn.
Mee soss géif ech net mengen, dass ech ee beschte Moment bei TL hat bis lo. Treffs a Gaming Café sinn ëmmer flott, an och wann een online mat- oder géintenee spillt. Gär hunn ech och sou kleng Momenter wéi z.B. deen, wou ech mam Fränk rëm d'SNES rausgekroomt hu fir e puer Deeg laang géinteneen Super Mario Kart ze TTen a sech géigesäiteg ëmmer erëm ze iwwertreffen. Och wann ech iergendwann do näischt méi ze mellen hat.


*Deng Beschter Momenter am Gaming?
Sou immens vill hat ech der do nach net géif ech mengen.
Definitiv dozou zielen ech awer, dass ech an engem Spill fir IPhone (Cat Physics) eemol de globalen Topscore hat. Och wa keen dat Spill kennt.
En anere Moment war einfach deen, wou ech mäin 1. Nintendo DS mat Mario Kart DS krut. Wat hunn ech dat Spill gesucht an DSen domat futti gemaach.
Ganz uewen op d'Lëscht géif ech awer meng 1. Plaz um MKW-Turnéier vu WeLiveGames setzen, wou ech mäin 3DS gewonnen hunn. Dat war dat éischt Gamingturnéier bei dem ech matgemaach hunn.


*Soss eppes?
Ech hunn d'Bowser-Bike net fonnt.


An zu aller lescht: ._.



Zreck



CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de