Team Luxembourg
Home Members Forum Guestbook Fight us
Team Luxembourg














MKU - Mario Kart 8 Deluxe Universal League










Waat ass Mario Kart Universal?



D'MKU ass di gréissten an international Mario Kart 8 Deluxe Liga fir all Equippe ob dëser Welt. Zu de Wii Zäiten huet een dat WCL genannt abé ob der Nintendo Switch heescht et MKU. Zenter Juni 2017 ginn hei ëmmer nees Saisons organiséiert an Team Lëtzebuerg war di eng oder aner Saison nees mat enger réng lëtzebuergescher Equippe vertrueden, wou mir Iech hei ob dësem Website d´Resultater presentéiere!

~Liga Struktur
Par Rapport zu der WCL goufen et hei diversen Divisiouns Formater. Et goufen di sougenannten "Conference" agefouert, wou bis zu 10 Teams an engem Pool géintenee gespillt hunn. 6 respektiv 10 Matcher goufen et pro Saison. Pro Victoire ginn et 2 Punkten, bäi engem Remis (ass awer seelen de Fall), gëtt en 1 Punkt fir all Equipe. Wann ee méi heig wei op 20 Punkte verléiert, kritt ee leider kee Punkt. Sollt een allerdéngs ënnert 20 Punkte verléieren, kritt een nach en Trouschtpunkt.

~Een historeschen Update vun der Liga Struktur
Am Joer 2019 gouf de "Conference" System agebaut, wou eng Divisioun aus 8 Teams besteet an een an enger éischter Phase an engem Grupp vu 4 Equippe spillt. An enger Zweschen-Phase spillt een da géint Teams aus der anerer Conference-Grupp an zum Schluss gesäit een seng 3 Teams aus der eegener Conference Grupp nees zreck! Zum Schluss vum Conference-System gëtt et och nach ee Bracket-System, wou ee géinteneen untrëtt fir Divisioun ze gewannen! Team Lëtzebuerg spillt an der 11. Saison fir d´éischte Kéier am Conference-System.

~Fuerer pro Rennen : 6 géint 6

~Unzuel vun Strecken: 12



MKU Saisons mat enger Participatioun vun Team Lëtzebuerg:


~1. MKU Saison - Divisioun 6

~2. MKU Saison - Divisioun 7

~3. MKU Saison - Divisioun 10

~4. MKU Saison - Division 10

~5. MKU Saison - Divisioun 9

~6. MKU Saison - Division 10

~7. MKU Saison - Divisioun 6

~10. MKU Saison - Divisioun 12

~11. MKU Saison - Divisioun 14

~12. MKU Saison - Divisioun 15

~14. MKU Saison - Divisioun 20



~Team Luxembourg





Zreck




CP Logo
Datenschutzerklärung | Powered by Clanplanet - www.clanplanet.de