TL | Team Luxembourg | Team Luxemburg | Team Letzebuerg | Nintendo Gaming Community
0
0 0 0 0 0





















Eis Spiller:











Update-Box:


Shoutbox
BenDK 26.05.:
MK8DX Crs updated
BenDK 26.05.:
Biller Problemer fixed again
BenDK 07.03.:
Biller Problemer fixed.
DiekampfrobbeYT 06.02.:
hey was geht lg von gef.cplanet.de
BenDK 02.01.:
VR Ranking Mount Januar ass aktualiséiert!
BenDK 21.12.:
Gesamtzäiten an MK8DX Updated
Login to write




Webstats
webstats
Today:
Yesterday: 15
Month: 342
Total: 72.741


BenDK General: > 01.02.2007 - 14 Joer TL - Team Lëtzebuerg! <


Genee haut ob den Dag gëtt dëse Site, des Idee vun Nintendo Fans aus eisem klenge Ländchen Online zesummen ze bréngen, genee 14 Joer al.

2007 huet di ganz Geschicht mam Nintendo DS an der Wi-Fi Connection ugefaangen. Mat engem nach deemools Webkicks-Chat a Forum, si mer spéiderhin no ICQ an dem Hotmail-System op Skype eriwwer gewiesselt. Haut notze mir eise Website och just na representative a sinn niewebäi vill iwwert Youtube, Facebook an Instagramm aktiv.

Dass de ganze Projet 14 Joer al géif ginn, domadder hätt denken ech 2007 kee gerechent. Mir hunn eis permanent weider entwéckelt a sinn duerch Spiller vu Mario Kart, Splatoon, Smash, Pokémon oder Animal Crossing quasi zur eenzeger Community hei am Land ginn, di sech och mat Nintendo Spiller mi generell auskennt.

Quasi all Member aus deene 14 Joer heibannen ass mat Nintendo Spiller grouss ginn a kann esou schéin an net esou flott Anekdote vu senger Kandheet nach ëmmer als Hobby ausliewen. Mir hunn eis ëmmer probéiert der dach deelweis komplizéierter Nintendo Release Politik unzepassen an Iech, äre Wënsch, och ëmmer probéiert Reegelméisseg unzepassen.

Eis Haaptaktivitéit an eis Haaptbekanntheet ass a bleift Mario Kart Serie. Vun Mario Kart DS, Mario Kart Wii, Mario Kart 7, Mario Kart 8 a Mario Kart 8 Deluxe hu mir ob international Bün et hikrut iwwert 2.000 Matcher mam TL Tag ze fueren an och bei 12 vun 12 WCL-Saisons matzespillen, 2 International League Saisons, 10 MKU Participatiounen an di eng oder aner World Cup Participatioun sinn erausgesprongen. Net ze vergiessen all di Off-Side Events wou mer matgespillt hunn an och hei am Land all di Turnéieren di mir organiséiert hunn. An och wann mir vläicht des aktuell Saison eng Paus maachen, ass TL net nëmmen di éischt Ulafstell fir quasi all Lëtzebuerger gewiescht deen hei seng 1. Kéier Mario Kart wollt kompetitive fueren, mee och international hunn Leit ëmmer Mario Kart mat TL verbonnen.

Mëttlerweil sinn et och scho gutt 5 Joer, wou mir Splillrei Splatoon ënnerstëtzen hei am Land an och hei si mer nees bereet a prett, fir eventuell ee Splatoon 3 ze ënnerstëtzen. Par Rapport Mario Kart hu mer vläicht elo net esou vill Matcher organiséiere konnten an awer denken ech och hei kennen ze soen dass den héchste Splatoon 2 Niveau hei am Land och ëmmer iergendwéi eppes mat TL ze dinn hat. Bis elo si mir leider just den eenzege Grupp gewiescht hei am Land deen et mat Splatoon 2 Owender, souwéi Turnéier-Participatioune probéiert huet.

Smash war an ass och ëmmer eng Spillrei di mer ënnerstëtzt hunn. Leider hu mer aktuell duerch Covid-Situatioun eis Spiller Nick a LuiS keng gréisser Optrett mee och hei hu mer reegelméisseg Spillowender organiséiert an och vill spaaseg Momenter erlieft.

Mir waarde mëttlerweil och 14 Joer schonn op een neie Mario Strikers, mee trotzdeem si mer lescht Joer och emol erléisst gi wat een neien Animal Crossing Deel ugeet. Quit dass Spill de Multiplayer Modus och e bëssen nees ageschränkt huet, hu mer awer eng kleng a sympathesch Grupp am Discord-Chat di sech awer géigesäiteg ëmmer nees ënnerstëtzt wann eppes ass.

An deene 14 Joer goufen och vill Pokémon vun eis gefaangen an elo dëst Joer wäerte mir am Kader vum 25 Joer Pokémon Projet eis nach méi domadder befaassen. Och aner Games wéi Mario Tennis hunn et bei eis als Spiller gepackt an och an Zukunft huele mir weider Spiller an eise Programm mat op.

An 14 Joer hu mer vill Usere gehat di och wann et just vläicht heiansdo 1 Stonn war, iergend eppes mat TL ze dinn haten, wann se mat Nintendo eppes ze dinn haten. No 14 Joer hu mir och iwwert 250 Abonnenten op Youtube, bal 500 Follower op Facebook an och op Instagramm si mer mëttlerweil iwwert 50 Abonneten.

Dat 14. Joer vun TL wäert vläicht awer e bësse méi ee speziellt Joer ginn, well aktuell si mir an enger Changement-Phase: Et wäert nees méi back to the roots ginn a mer ginn eis Richtung Clan-Spirit nees orientéieren. Mir hunn dat 13. bëssi mi chaotescht Joer awer iwwerstanen a wäerten an Zukunft och nach Community méisseg engagéieren, dëst awer insbesonneg gëtt am finanziellen zréckgeschrauft. Des Entscheedung hu mir di lescht 3 Méint geholl, opgrond vun onnéidegen Experienzen di mer leider hu misse materliewen. Deen een oder anere Spillowend wäerte mir nach weiderhin organiséieren an awer wäerte mir eis lues a lues an eng aner Richtung orientéieren. Ab dëser Woch baue mir zum Beispill lues a lues eisen Discord och endlech em.

No 14 Joer TL ass also nach laang net Schluss. Mir hunn nach ëmmer vill Ideen an di Ideen ginn aktuell och ëmmer méi erweider duerch ee 4-Mann Orga Team, wat duerch 2 New Entries vill frësche Wand kritt. Deen ale Wand vu 14 Joer (jojo... deemols 15 Joer aal, haut gi mer och perséinlech och scho Richtung 30 Joer ._.) notzt aktuell Zäit bis Ouschteren emol di al Projets all ofzeschléissen an duerno kennt der Iech nees drop verloossen ob mi nei Aktiounen nees vun eis.

Mir hunn villes ereescht an all deene Joer a mer kennen haut mol och eng Kéier den Dag selwer mat eis zefridde sinn, wat mer alles an deem Hobby-Projet hei realiséiert hunn. TL ass eng eemoleg Geschicht hei am Land an di Geschicht geet nach laang virun.

Happy Birthday TL!

~Team Lëtzebuerg
CP Login
You are not logged in







Ënnerstëtzt vum:






Landesrekorder:






























International Ligen: