TL | Team Luxembourg | Team Luxemburg | Team Letzebuerg | Nintendo Gaming Community
0
0 0 0 0 0


















Eis Spiller:













Update-Box:


Shoutbox
BenDK 12.07.:
1 naien CR fir de Gilles an Gesamzeiten vum Gilles a mir goufen aktualiséiert. 2 Subs vun 95 Minutten!
BenDK 11.07.:
33 näi CRs an MK8DX souwéi dem Joe seng näi Gesamtzeit sin geupdated
BenDK 23.06.:
Nees eng 15 näi CRs bei MK8 DX goufen aktualiséiert
BenDK 07.06.:
15 näi CRs an MK8 Deluxe dann nees aktualiséiert
Genis 24.05.:
Bonne Chance!
BenDK 24.05.:
Presentatioun vum MK8 Kader, de Squad souwéi Opleschtung vun den Memberen gouf aktualiséiert!
Zum Schreiben einloggen




Webstats
webstats
Heute: 9
Gestern: 5
Monat: 178
Gesamt: 64.702


BenDK Rocket League: Rocket League 2v2 PRO Season 1


Ab de 9. Januar start hei zu Lëtzebuerg di éischt Rocket League 2vs2 Pro Season. Des Liga gëtt organiséiert vun LetzGame, wou mer op dëser Platz e grousse Merci un si virun ginn, dass si et de Gameren erméiglechen bäi sou eppes matzespillen!

18 Equippen, dat heescht 36 Spiller wäerten ab der nächster Woch do géinteneen untrieden. Mir vun Team Lëtzebuerg hunn eis bis elo ëmmer méi op Nintendo Stuff fokusséiert, mee wien bei eis dobäi ass, weess ganz genau, wei verschidden Leit an di Passioun vun Rocket League iwwert di läscht Wochen a Méint verfall sinn #WaitingforNintendoSWITCH! Also ee Must-Do, dass mer bäi dësem Projet dobäi sinn an matspillen

Mir presentéieren Iech haut eis 2 Equippe:
Team Lëtzebuerg 1, wou eise Freak de Black Star mam Reaper hiert Gléck probéieren fir uewen an der 18-Teams-Divisioun matzemëschen
Team Lëtzebuerg 2, wou de Pingu mam BenDK spillt, fir Ennen an der 18-Team-Divisioun matzemëschen, woubäi de Pingu sech éischter als Zil geholl huet mat sengem "gudden" Co-Equippier *hust hust HUST* net duerchzedréinen

Em wat geet et eis do bäi dëser Participatioun?
Et geet eis kloer NET dorëms herno d'Platzen 1 an 2 ze beleeën. Eise But ass et wierklech an dëser Liga Spaass ze hunn an och een Deel vun enger groussaarteger Community hei am Land ze ginn! Et hunn sech wierklech gutt a staark Spiller ugemellt, et ginn der awer och, wéi an eiser Rei, di just4fun matspillen. Hoffe mer op eng erfollegräich éischt Season an op weider gutt Seasons am spéideren.

Freet Iech also op ab und zu Posts hei op Facebook, wou mer de Recap vun eise Matcher maachen. Wahrscheinlech wäert des all 2 Woche de Fall dann sinn

Nëtzlech Links:
De Site vun LetzGame: http://www.letzgame.lu/
Den Iwwwerbleck iwwert Pro Season 1: http://www.letzgame.lu/esports/rocket-league-2/pro-season-1/

Beim leschten Link kennt der dann och kucken, wei mer de Moment an de Rankings stinn an wien de nächste Géigner vun eis wäert sinn!

Thanks for reading and have a nice weekend

~Team Lëtzebuerg



CP Login
Du bist nicht eingeloggt





Landesrekorder:






























Al MKW Ligen: